background background

Walen 2023

Sam Tanson

LEIF MATBIERGERINNEN A MATBIERGER,

déi gréng hunn an de leschten 10 Joer villes beweegt a wichteg Decisioune fir d‘Zukunft vun eisem Land geholl. Den 8. Oktober sti mir virum Choix: Weiderhin un enger ambitiéiser Ëmsetzung vum Klimaschutz festhalen, an dofir suergen eise Kanner e liewenswäert Land ze hannerloossen, oder awer, zréckfalen an eng Politik vum Stëllstand déi op Léisunge vu gëschter setzt.

déi gréng stäerken ass d‘Garantie fir e liewenswäert, zukunftsséchert a gerecht Lëtzebuerg. Well eng Stëmm fir déi gréng ass och eng Stëmm fir:

  • konsequente Klimaschutz
  • eng lieweg Natur
  • gläich Chancë fir all Kand
  • bezuelbaart Wunnen
  • eng performant Mobilitéit
  • eng sécher, nohalteg a bezuelbar Energie
  • eng Ekonomie mat Zukunft
  • eng Landwirtschaft ouni Pestiziden

ET ASS DOFIR NET EGAL WEEN’S DU WIELS.

GRÉNG WIELEN HEESCHT ZUKUNFT WIELEN.


Sam TANSON

Wat wier… | grénge Walspot

Sam Tanson | grénge Walspot

Sam Tanson am Portrait

Dem Sam Tanson seng Ried fir e liewenswäert, gerecht an zukunftsséchert Lëtzebuerg