background background

Walen 2023

Eis Prioritéiten

separator
Gläich Chancë fir all Kand

Gläich Chancë fir all Kand

Déi gréng setze sech a fir Famill, Kanner & Bildung Eng Kannergrondsécherung fir Kanner virun der Aarmut ze schützenEng besser Vereenbarkeet vun Aarbecht a Famill  Méi Chancëgläichheet tëscht Mamm a PappGutt an altersgerecht Betreiungsméiglechkeete mat genuch Personal E gerechte Bildungssystem, dee fir all d’Kanner onofhängeg vun hirer Hierkonft do ass, an deen op hire Stäerkten opbautMéi Beweegung a méi Natur an der Schoul an an der Fräizäit Méi Zäit fir d’Famill
E gutt Liewe fir all Mënsch

E gutt Liewe fir all Mënsch

Déi gréng setze sech a fir Gerechtegkeet Gläich Chancë fir jiddwereen*t, onofhängeg vun Hierkonft, Akommes, Geschlecht, sexueller Orientéierung oder GenderidentitéitEng bezuelbar Wunneng fir jiddwereen*t, well Wunnraum ass e Grondrecht an eng Viraussetzung fir e gutt LiewenEn nohaltegen a gerechte Steiersystem, deen net jee no Liewenssituatioun diskriminéiertFinanziell Ënnerstëtzung fir Biergerinnen a Bierger mat niddregem Akommes a fir d’MëttelschichtEng konsequent Bekämpfung vun Aarmut a gesellschaftlecher ExklusiounEng gerecht Besteierung vu grousse Verméigen a vu Kapital Gläich Chancë fir all Mënsch
Mat gréng rullt et

Mat gréng rullt et

Déi gréng setze sech a fir Mobilitéit Manner Verkéier, manner Loftverschmotzung a manner Kaméidi duerch eng besser MobilitéitEn attraktiven a pénktlechen ëffentlechen Transport, modern a sécher Garen, den Ausbau vum Tram, an eng weider Verbesserung vum Bustransport, och owes an um Weekend  Verkéiersberouegt Dierfer a Wunnquartieren, a méi Sécherheet op der Strooss, um Trottoir an um Schoulwee D’Ënnerstëtzung vun Elektromobilitéit, Covoiturage a Carsharing Fërderung vun enger aktiver Mobilitéit mat sécheren an zesummenhänkende Foussgänger- a VëlosweeërEng Mobilitéit déi jidderengem de fräie Choix bitt…
Eng Ekonomie mat Zukunft

Eng Ekonomie mat Zukunft

Déi gréng setze sech a fir Ekonomie & Klimaschutz E Green New Deal fir Lëtzebuerg, mat deem eis Ekonomie bei gréngen Zukunftstechnologien, Klima- a Ressourcëschutz Nummer 1 gëttDe massiven Ausbau vu propperen a sécheren Energieformen, wéi Wandkraaft a Solar  Eng Aus- a Weiderbildungsoffensiv fir de Personal- an Handwierkermangel unzegoen a Klimaberuffer ze fërderenGeneréis a séier finanziell Hëllefe fir Stéit a Betriber, fir zesummen onofhängeg vu fossillen Energien ze ginnManner Offall a Verschwendung, méi Reparatur, Ressourceneffizienz a solidarescht WirtschaftenEn attraktiivt Ëmfeld…
Eng lieweg Natur

Eng lieweg Natur

Déi gréng setze sech a fir Ëmwelt, Natur & Déiereschutz   De Schutz vun eise schéine LandschaftenEng Renaturéierungsoffensiv fir lieweg Bëscher, Gewässer, Wisen a FiichtgebidderProppert Drénkwaasser an eng propper Loft De Schutz vun der Aartevillfalt, keng geféierlech Pestizide bei eise Schoulen, Wunngebidder a NaturschutzzonenD’Preventioun vun Héichwaasser, méi Begréngung an eise Stied an Dierfer an eng Strategie fir d’Bekämpfung vu BëschbrännManner Offall a Verschwendung, méi Reparatur a Ressourceneffizienz D’Stäerkung vun den Déiererechter, Finanzéierung vun Alternativen zu Déiereversich an eng aartgerecht Haltung ouni Qualzucht D’Natur,…
100% Bio, 0% Pestiziden

100% Bio, 0% Pestiziden

Déi gréng setze sech a fir gutt a gesond Iessen Gesond Bio-Liewensmëttel „Made in Luxembourg“Iessen ouni geféierlech Pestiziden a Gentechnik Eng kloer Etikettéierung, fir dass och nëmmen dat dran ass, wat drop steetEng solidaresch Landwirtschaft a Gemeinschaftsgäert, Urban Gardening, d’Erhale vu Bongerten a vun alen Uebst- a GeméiszortenRegional a saisonal Produiten, mat deene mir eis Produzent*innen ënnerstëtzenE staarke Verbraucherschutzministère mat bessere KontrollenD’Fërderung vum Bio-Wäin op der Musel Gutt fir de Mënsch a fir de Planéit