E gutt Liewe fir all Mënsch
Déi gréng setze sech a fir Gerechtegkeet
- Gläich Chancë fir jiddwereen*t, onofhängeg vun Hierkonft, Akommes, Geschlecht, sexueller Orientéierung oder Genderidentitéit
- Eng bezuelbar Wunneng fir jiddwereen*t, well Wunnraum ass e Grondrecht an eng Viraussetzung fir e gutt Liewen
- En nohaltegen a gerechte Steiersystem, deen net jee no Liewenssituatioun diskriminéiert
- Finanziell Ënnerstëtzung fir Biergerinnen a Bierger mat niddregem Akommes a fir d’Mëttelschicht
- Eng konsequent Bekämpfung vun Aarmut a gesellschaftlecher Exklusioun
- Eng gerecht Besteierung vu grousse Verméigen a vu Kapital
Gläich Chancë fir all Mënsch