100% Bio, 0% Pestiziden
Déi gréng setze sech a fir gutt a gesond Iessen
- Gesond Bio-Liewensmëttel „Made in Luxembourg“
- Iessen ouni geféierlech Pestiziden a Gentechnik
- Eng kloer Etikettéierung, fir dass och nëmmen dat dran ass, wat drop steet
- Eng solidaresch Landwirtschaft a Gemeinschaftsgäert, Urban Gardening, d'Erhale vu Bongerten a vun alen Uebst- a Geméiszorten
- Regional a saisonal Produiten, mat deene mir eis Produzent*innen ënnerstëtzen
- E staarke Verbraucherschutzministère mat bessere Kontrollen
- D'Fërderung vum Bio-Wäin op der Musel
Gutt fir de Mënsch a fir de Planéit