Amra Sabotic

- Gemengenemployée
- 30 Joer | Esch-Uelzecht
Ech sinn zudéifst iwwerzeegt, datt jidderee*nt vun eis déi selwecht Chancen muss kréien, fir am Liewen erfollegräich ze sinn. Solidaritéit mat aneren a mat der natierlecher Welt ass dofir d'Basis vu mengem politeschen Engagement bei déi gréng zanter 2017. Fir mech heescht Politik maachen, jidderengem nolauschtere fir seng Besoinen ze verstoen an déi bescht Léisunge proposéieren, fir se z‘erfëllen. Dat geet just, wa mir et packen iwwer d'Ënnerscheeder eruas op dat ze kucken, wat mir gemeinsam hunn.
