background background

Walen 2023

Amy Winandy

  • Co-Spriecherin déi jonk gréng
  • Studentin | Master Gender Studies
  • 25 Joer | Jonglënster

D'Amy Winandy ass eng ëmweltbewosst, queer, Feministin. Him ass et wichteg, dass d'Zukunft vun onsem Land nohalteg an inklusiv ausgesäit. Esou eng Zukunft bedeit, dass Energie- a Klimatransitiounsprojeten déi national Prioritéit ginn, mat sozialer Gerechtegkeet am Wiessel. Mam Walrecht ab 16 Joer z.B. erméigleche mer domat och méi Jonken e Matsproocherecht an der Gestaltung vun onser Zukunft. Lountransparenz, fir eng gläichberechtegt Bezuelung vun alle Geschlechter, Bekämpfung vu Femiziden, an och dass mer demokratesch "Queer safe spaces" fir méi Visibilitéit an Akzeptanz schafen, si just puer Beispiller vun enger inklusiver Zukunft! Et ass elo de Moment fir positiv Verännerung zu Lëtzebuerg ze bréngen. Ee Lëtzebuerg wou d'Klimakris aktiv matgeduecht gëtt, a wou jiddereen*t déi selwecht Chancen an de selwechte Respekt kritt, egal wat seng Hierkonft, Sexualitéit oder Identitéit ass.