Anne-Marie Linden

- Gemengeréitin
- Grondschoulléierin
- 40 Joer | Stroossen
A menge Rollen als Schoulmeeschtesch an enger Grondschoul, Member vum Verwaltungsrot vum Office social an als Deel vun der Elterevertriedung läit mir besonnesch d‘sozial Gerechtegkeet um Häerz. Dofir brauche mir e faire Schoulsystem, dee Chancëgläichheet fir all Kanner sécherstellt.
Gläichzäiteg ass fir mech den aktive Kampf géint d’Klimakris wichteg, fir och eise Kanner an Enkelkanner eng liewenswäert Welt ze hannerloossen. Dofir setzen ech mech an.
