Armand Kremer

- Gemengerot
- Expéditionnaire technique
- 68 Joer | Luerenzweiler
Mir läit besonnesch de Schutz vun eiser Natur an Ëmwelt um Häerz an ech well mech voll abréngen, fir datt eis Kanner an Enkelkanner an enger gesonder Ëmwelt kënne liewen an opwuessen. Ech setze mech am Gemengerot an, fir eng ressourcëschounend an ekologesch Approche an esou wéineg ewéi méiglech Flächeversigelung vun eise Stroossebauprojeten. Dofir wëll ech mech elo och op nationalem Niveau engagéieren.
Donieft sinn ech och aktiv an eiser Gemeng als Member vun der Fanfare Hielem- Luerenzweiler a si Vizepresident vum Handball Club Miersch 75.
