background background

Walen 2023

Carole Zeimetz

  • Gemengeconseillère
  • Kinésithérapeuthe
  • Co-Presidentin vun déi gréng Osten
  • 48 Joer | Iechternach

D’Carole Zeimetz ass 2011 fir d‘éischte Kéier mat an d’Gemengewale gaangen, an ass säit 2017 gréng Gemengeconseillère zu Iechternach. Als Mamm vun 2 Jugendleche war et dem Carole nach ëmmer wichteg hinnen eng nohalteg liewenswäert Zukunft ze garantéieren. D’Klimakris, Naturkatastrophen an de Verloscht vun der Biodiversitéit dierfen net d’Vermiechtnes sinn, dat mir den nächste Generatiounen hannerloossen. Dofir engagéiert hatt sech och weiderhi fir ambitiéisen Natur- Ëmwelt- a Klimaschutz. Et geet drëms eis Liewensgrondlagen ze erhalen, an Ëmweltschutz ass Mënscheschutz, grad och a Punkto Gesondheet. Als Kiné ass et dem Carole wichteg, sech fir e gudden a faire Gesondheetssystem anzesetzen, deen net der Maartlogik dierf iwwerlooss ginn. Gesondheetspolitik fänkt fir hat och net réischt beim Behandele vu Krankheet un, mee bei der Krankheetspreventioun a bei der Gesondheetsfërderung.