Cecilia Beirão
- Assistante sociale
- Co-Presidentin déi gréng Miersch
- 46 Joer | Miersch
No zwanzeg Joer Beruffserfarung am Beräich vum Kanner- a Jugendschutz ass meng Conclusioun kloer: nei Familljemodeller an Erausfuerderungen erfuerderen eng nei Approche fir d‘Familljepolitik. Ech sinn dovun iwwerzeegt, datt déi gréng déi politesch Partei ass, déi sech fir fundamental Mënscherechter a fir d‘Wuel vun all de Bierger*innen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, asetzt.
Mäi politescht Engagement huet viru 6 Joer an der grénger Partei zu Miersch ugefaangen. Haut sinn ech Co-Presidentin vun der Lokalsektioun.