background background

Walen 2023

Chantal Gary

  • Spëtzekandidatin
  • Deputéiert
  • Presidentin Mobilitéitskommissioun an der Chamber
  • Geografin
  • 35 Joer | Wuermer

D’Chantal Gary ass säit 2019 Deputéiert. Als Presidentin vun der Mobilitéitskommissioun setzt hatt sech fir eng multimodal Mobilitéit an, wou den ëffentlechen Transport an de Vëlo, a virun allem awer geséchert Vëlosweeër, e wichtege Bestanddeel sinn. Et këmmert sech awer och em d‘Theme Wäibau, Landwirtschaft, Déiereschutz, Chancëgläichheet, Sport an d‘Regioun Osten. Selwer e „Maacher Meedchen, sportbegeeschtert (Handball, Taekwondo) an Hobbywënzerin, fënnt hat sech an dësen Themen gutt erëm, a profitéiert och vu sengen Aarbechtserfarunge bei Fairtrade Lëtzebuerg a beim Verkéiersverbond.

Als geléiert Geografin a Mamm vun engem klenge Bouf ass e respektvollen Ëmgang mat eiser Ëmwelt fir hatt eng Evidenz, grad wéi eis Ressourcen ze schounen, Léisungen géint den enormen Biodiversitéitsverloscht ze fannen, Klimaneutralitéit ze fërderen an eise Planéit an eis Gesellschaft zukunftfäeg opzestellen.