background background

Walen 2023

Charel Margue

  • Deputéierten
  • Gemengerot
  • Soziolog an Demograf
  • 67 Joer | Lëntgen

Als Soziolog a fréiere Fuerscher bei ILRES setzen ech mech fir sozial Gerechtegkeet an de Schutz vun de vulnerabelste Mënschen an eiser Gesellschaft an. Zesummeliewen a Solidaritéit si fir mech wichteg – zu Lëtzebuerg, an Europa, an der Welt – dofir engagéieren ech mech beim JRS (Jesuit Refugee Service) a bei Justice et Paix.

De Staat an eis Gemenge mussen hir Verantwortung huele fir d‘ekologesch a sozial Transitioun nach méi séier weiderzebréngen - mir hu keng Zäit ze verléieren.