background background

EU Walen 2024

Christophe Origer

  • Gemengeconseiller
  • Jurist
  • Präsident ORT Mëllerdall
  • 30 Joer | Iechternach

Dem Christophe Origer leien déi kléng a mëttelstänneg Betriber a Geschäfter an der Regioun um Häerz, déi zur Dynamik vun den Dierfer a Stadkäre bäidroen a kuerz Weeër fir d’Awunner*innen erméiglechen. Et ass him wichteg eis lokal a regional Betriber verstäerkt ze ënnerstëtzen. Hien engagéiert sech säit enger Rei Jore benevole als President vum ORT Mëllerdall fir d’Organisatioun an d’Promotioun vum Tourismus am Osten. Den Tourismus ass ee wichtege Wirtschaftsfaktor am Bezierk a spillt och eng wichteg Roll fir d’Liewensqualitéit vun den Awunner*innen. Hie setzt sech duerfir gär fir ee staarken Tourismus an, deen zu der Regioun passe muss, an deen nohalteg geplangt an organiséiert ass.

Doniewent ass dem Christophe och de sozialen Engagement wichteg. Als President vun der Iechternacher Sektioun vum Roude Kräiz setzt hien sech fir eng staark sozial Gesellschaft an, an där jiddereen zielt.