Claude Turmes

- Spëtzekandidat
- Minister fir Energie a Landesplanung
- 62 Joer | Dikrech
Als Minister ass et ëmmer mäi Wonsch gewiescht, duerch politesch Aktioune méiglechst ville Mënschen ze hëllefen an hinnen en erfëllt Liewen ze bidden. Gutt Liewe brauch gutt ëffentlech Infrastrukturen an duerfir sinn ech frou, datt am ganzen Nordbezierk a modern Schoulgebaier a Lycéeën investéiert ginn ass. Och hu mir d’Kultur am Norden ënnerstëtzt, sief dat de CAPE, de CUBE oder d‘ Schifergrouwen zu Maartel.
An och Zukunft brauche mir am Norden e gudden Zougang zu de wichtege Servicer an ëffentlechen Infrastrukturen, déi de Besoine vun de Leit gerecht ginn. Genee dofir wäert ech mech mat menger Ekipp asëtzen!
Fir mech gehéiert och zur Politik, datt mer eis Liewensgrondlagen, de Buedem, d’Loft, de Bësch konsequent schützen an d’Leit dobäi ënnerstëtzen, fir sou schnell ewéi méiglech aus de fossillen Energien erauszeklammen. Grad am Norde ginn et esou vill roueg an erhuelsam Plazen, déi et weiderhin ze erhale gëllt. Duerfir sinn ech houfreg, datt am Norde vill Baueren, Betriber an och Bierger*innen vun eisen Hëllefe bei der Solarenergie, de Wäermepompelen, dem gratis Transport an der Elektromobilitéit profitéieren.