Claudie Reyland

- Gemengeréitin
- Déierendoktesch
- 59 Joer | Stad Lëtzebuerg
Net nëmmen a mengem Beruff ass d‘Déierewuel mir wichteg. Och a menger Fräizäit setzen ech mech fir Stroossenhënn an, an engagéiere mech fir dass Schimpansen net d’Affer vun illegalem Handel an Deforestatioun ginn.
Ech engagéiere mech ausserdeem och resolut fir eise Planéit an d’Zukunft vun den nächste Generatiounen. Mäin Zil ass aktiv géint d‘Äerderhëtzung ze handelen an d’Biodiversitéit ze schützen. Ech kämpfe fir eise Planéit a fir d‘Liewensqualiteit fir all Mënsch, jonk an al, ze verbesseren.
