Fabricio Costa

- Co-Spriecher vun déi jonk gréng
- Attaché parlementaire am Beräich Wirtschafts- a Steierpolitik
- Trompettist an der Harmonie Rollengergronn
- 28 Joer | Stad Lëtzebuerg
Duerch meng Aarbecht hunn ech mech an de leschte Joren intensiv mat der Steierpolitik beschäftegt. Fir mech ass kloer: eise Steiersystem muss dréngend moderniséiert ginn, am Interêt vun der Mëttelschicht a Stéit mat niddregem Akommes, genau esou wéi der Ëmwelt.
Grad déi Jonk sinn am Längste vun de politeschen Decisioune vun haut betraff, sief dat beim Accès zu bezuelbarem Wunnraum oder am Klimaschutz. Mat mengem politeschen Engagement wëll ech dozou bäidroen, dass si eng staark Stëmm an der Politik hunn.
