background background

Walen 2023

François Bausch

  • Spëtzekandidat
  • Vize-Premierminister
  • Minister fir Verdeedegung, Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten
  • 66 Joer | Stad Lëtzebuerg

Säit elo méi wéi 4 Joerzéngten sinn ech an der Politik engagéiert. Net, well ech net genuch dovu ka kréien, mee well ech dru gleewen, dass mer als Gesellschaft villes erreeche kënnen, wa mer d’Erausfuerderungen zesummen uginn.

Als Minister hunn ech an de leschten 10 Joer alles dofir gemaach, fir eist Land op d’Zukunft virzebereeden. Mam Bau vum Tram, dem Ausbau vum Zuch an der Verbesserung vum Bus- a Vëlospistereseau hu mir eng reegelrecht Mobilitéitsrevolutioun ageleet.

Och an der Defense hu mir villes erreecht. Ech hu mech dofir agesat, d’Arméi ze moderniséieren an d’Klimakris als Sécherheetsfacteur unzëerkennen.

Ma och no all deene Jore bleift nach vill ze dinn. D’Investitioune fir eng zukunftsfäeg Mobilitéit musse viru goen. An och d’Verdeelung vum Räichtum an eiser Gesellschaft musse mer méi gerecht gestalten. Donieft gëllt et, weiderhin d’Mënscherechter an d’Demokratie op allen Niveauen ze verdeedegen. Dofir wëll ech mech weider engagéieren.