Gaby Damjanovic

- Gemengeréitin
- Dipl. Psychologin
- 63 Joer | Bartreng
Zënter dem Alter vu 17 Joer, an och duerch meng Aarbecht als Dipl. Psychologin an der Suchtberodung, engagéieren ech mech als Benevole fir eng inklusiv Gesellschaft, besonnesch fir Mënsche mat seelene Krankheeten (ALAN), wéi och allgemeng fir Mënschen um Rand vun eiser Gesellschaft (Inter-Actions). Weider Haapttheme sinn d’Wuelbefanne vun eise Kanner, Jugendlechen a Senioren, grad ewéi Natur-, Klima- an Ëmweltschutz fir ee bessere sozialen Zesummenhalt.
