Georges Biever

- Member vum Gemengerot
- Attaché parlementaire bei déi gréng
- 27 Joer | Géisdref
Mäi politescht Engagement huet net réischten zanter de leschte Walen, bei deenen ech zum Gemengerot gewielt gi sinn, ugefaangen. Scho säit 2018 sinn ech bei déi jonk gréng aktiv, mat deenen ech versiche jonk Mënsche fir Politik ze begeeschteren an se drun ze bedeelegen.
Nieft menger geléierter Expertise an der Geopolitik a berufflecher Erfarung an der Biergerbedeelegung, sëtzen ech mech och fir eng verstäerkte Roll vu Sport- a Kulturveräiner am Alldag an.
