background background

Walen 2023

Henri Kox

  • Spëtzekandidat
  • Minister fir Logement
  • Minister fir bannenzeg Sécherheet
  • Prof.-Ingenieur
  • 62 Joer | Réimech

Den Henri Kox ass iwwert de Wee vun der Anti-Atombewegung an den 90er Joren zur Politik gestouss. A sengem Ingenieurs-Studium zu Oochen huet sech dofir villes ëm d‘erneierbar Energien gedréint, wat hien als Enseignant un LTAM Schüler*inne konnt weiderginn. Hien ass houfreg Deel vun enger Regierung ze sinn, déi den Ausbau vun den erneierbaren Energien massiv fërdert. Zanter 2019 konnt hien als Logements-Minister d‘Bäihëllefe verbesseren an dofir suergen, datt Stéit mat niddregem Akommes esouguer bis zu 100% vun de Käschte fir Solaranlag, Isolatioun oder Wärmepompel zeréck kréien. D‘Ziel sinn 20% abordabel Wunnengen an ëffentlecher Hand, an dëss Offensiv fir bezuelbare Wunnraum dréit no 4 Joer éischt Friichten. Zanter 2020 och fir d’Police zoustänneg, setzt hien sech fir eng effikass an hëllefsbereed Police an, déi mat netto 781 zousätzleche Leit zanter 2020 elo och méi präsent ka sinn.