background background

Walen 2023

Joëlle Welfring

  • Spëtzekandidatin
  • Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung
  • 49 Joer | Esch-Uelzecht

Eis Liewensgrondlagen ze schützen an eng gutt Liewensqualitéit z’erhalen, dat ass d’Zil vun der nohalteger Transitioun. Onofhängeg vun de verschiddenen Usiichten, wéi mär dat Zil sollen erreechen, ass et eng grouss Erausfuerderung an eng eemoleg Chance fir eis all. 

D’Politik muss zesumme mat de Bierger*innen an de Betriber e kloren a faire Kader opstellen an deem jiddereen, onofhängeg vum Portmonni, ka mat op de Wee vun der Nohaltegkeet goen.

Dofir brauch ee Pragmatismus an Zesummenhalt. Nëmme sou kënne mir d’Leit an d’Entreprisë mat op de Wee huelen, fir klima-  an ëmweltfrëndlecht Verhalen zum evidenten an einfachste Choix ze maachen.

Aus der Regierung eraus hu mär wichteg Weiche gestallt an ambitiéis Ziler formuléiert an déi och erreecht.

D’Efforte fir de Wee an déi nohalteg Transitioun virun ze moderniséieren, ze vereinfachen an ze digitaliséieren an domat fir eis a fir eis Kanner e liewenswäerte Planéit z’erhalen, dat ass mäin Engagement a mäi Verspriechen.