Josée-Anne Siebenaler-Thill

- Member vum Gemengerot
- Sportsproff e.r.
- 61 Joer | Käerjeng
Am Liewen allgemeng, grad ewéi als Enseignante a Politikerin, war an ass mir de respektvollen Ëmgang mat all Mënsch an och mat eisem Planéit extrem wichteg. Dernieft sinn Éierlechkeet, Hëllefsbereetschaft an Engagement fir mech Kompetenzen, déi grad esou wichteg ewéi Schoulwësse sinn, fir e soziaalt Zesummeliewen an enger nohalteger Gesellschaft z’erméiglechen. Bei déi gréng hunn ech vill Leit fonnt, déi déi selwecht Iwwerzeegungen deelen a sech grad ewéi ech op ville Plaze konkret asetzen.
