Josée Lorsché

- Deputéiert a Fraktiounspresidentin
- 1. Schäffin
- diploméiert Léierin
- 62 Joer | Beetebuerg
Zanter 2011 sinn ech Deputéiert an 1. Schäffin zu Beetebuerg. Virdrun hunn ech wärend 28 Joer als Léierin zu Diddeleng geschafft a konnt wäertvoll Beruffserfahrunge mat an d'Politik huelen. Als Member vun der Edukatiounskommissioun a Vizepresidentin vun der Gesondheetskommissioun setzen ech mech scho joerelaang fir e gerecht Bildungschancen, Inklusioun an d'Wuelbefanne vun all Kand an. Donieft läit d'Stäerkung vun eisem Gesondheetssystem mir besonnesch um Häerz.
