background background

Walen 2023

Laure Cales

  • Soziologin
  • Coordinatrice am Jugendsekteur
  • Grënnerin vum Secondhand Shop Pilea
  • Content Creatorin zum Thema Nohaltegkeet
  • 33 Joer | Käerch

Mat 12 Joer sinn ech op meng éischt Demo gaangen. Zanterhier setzen ech mech fir sozial Gerechtegkeet an. Duerch meng Aarbecht bei natur&ëmwelt a Meng Landwirtschaft kruten d'Themen Nohaltegkeet an Ëmweltschutz fir mech dee gréisste Stellewäert. Mat der Grënnung vu mengem Secondhand-Buttek Pilea hunn ech mäin eegene Bäitrag dozou geleescht. Haut schaffen ech am Jugendsekteur a wëll mech besonnesch fir d'Mobilitéit am ländleche Raum, Biodiversitéitsschutz a géint all Form vun Diskriminéierung staark maachen.