Lex Schwind
- Schäffen
- Geograf
- 26 Joer | Mäerzeg
Duerch mäi Studium a Beruff als Geograf befaassen ech mech alldeeglech mat ëmwelt-, sozial- an energiepoliteschen Themen. Als jonke Bierger läit mir awer virun allem d‘Logementsproblematik um Häerz. Mir ass et nämlech wichteg, dass jiddereen*t Zougang zu abordabelem a liewenswäertem Wunnraum huet.
Als frësch gewielte Schäffe vun der Gemeng Mäerzeg kann ech des Themen op kommunalem Plang weiderdreiwen. Mee och national wëll ech mech an deenen Beräicher engagéieren.