Max Pesch

- Gemengeconseiller
- Schoulmeeschter
- Co-President vun déi gréng Osten
- 37 Joer | Bech
Als Schoulmeeschter a Papp läit dem Max Pesch eng qualitativ héichwäerteg Educatioun um Häerz. Vun enger zukunftsorientéierter a moderner Entwécklung vum Bildungssystem, iwwer eng fair Kannerbetreiung bis zu engem séchere Schoulwee fir all Kanner, setzt hien sech fir eng nohalteg Schoulpolitik an, an där Chancëgläichheet a -gerechtegkeet net just eidel Floskele sinn. Duerch seng Erfarungen am Organisatiounscomité vum e-Lake Festival an am Verwaltungsrot vum Trifolion zu Iechternach ass him bewosst, wéi wichteg eng lieweg an demokratesch Kulturzeen zu Lëtzebuerg ass. Den Zougang fir jiddereen zu kulturellen Offeren an d’Stäerkung vun de Kulturschafende muss weiderhin eng Prioritéit sinn.
De Max setzt sech ausserdem fir eng nohalteg Mobilitéit an, an där den ëffentlechen Transport eng seriö Alternativ fir den Auto ass an de Vëlo als deeglecht Fortbeweegungsmëttel weider promouvéiert gëtt.
