Meris Sehovic

- Spëtzekandidat
- Schäffen
- Parteipresident
- Politikwëssenschaftler
- 32 Joer | Esch-Uelzecht
Natur, Mënschen, Mateneen – dat ass et, wat eist Land am Kär ausmécht. Dat gëllt et ze schütze, fir eis Gesellschaft an eng gerecht an nohalteg Zukunft ze féieren. Dofir wëll ech mech zesumme mat Iech an der Chamber asetzen.
Mäi politeschen Engagement ass déif verwuerzelt an der Iwwerzeegung, dass mir dringend mussen handelen, fir eis Liewensgrondlagen ze schützen an eise Wuelstand z’erhalen. Propper Loft a proppert Waasser däerfen net zu engem Luxus fir déi ginn, déi et sech leeschte kënnen. Si sinn en universellt Gutt, dat jidderengem zousteet an op dat mer zesummen oppassen.
Meng Famill ass Ufank den 1990er Jore virum Krich um Balkan geflücht an huet zu Lëtzebuerg eng nei Heemecht fonnt. Ech hu vun Ufank un d’Oppenheet an den Zesummenhalt an eisem Land gespuert a wëll mech dofir asetzen, dës Grondwäerter virun deenen ze schützen, déi se ëmmer méi oppen a Fro stellen. Dofir engagéieren ech mech och fir de soziale Fridden, fir gerecht Léin, fir bezuelbare Wunnraum a fir gerecht Bildungschancë fir jiddereen*t.
