background background

EU Walen 2024

Michel Clees

  • Gynekolog
  • President vun der Ethikskommissioun vum CHEM
  • President vum Verwaltungsrot vu United Instruments of Lucilin
  • 60 Joer | Esch-Uelzecht

De Schutz vum ökologesche Gläichgewiicht geet Hand an Hand mat der sozialer Gerechtegkeet an dem Fridden. Eise Kanner ze weisen, dass Resignatioun keng Optioun ass, dat motivéiert mech zum politeschen Engagement. Als Dokter sinn ech der fester Iwwerzeegung, dass medezinesch Akte sech ëmmer un de Besoine vun de Mënsche mussen ausriichten, an net u wirtschaftlechen Interessen. Dat ass e Grondprinzip vun der Solidargemeinschaft, déi d’Basis vun eisem Zesummeliewen ass.