background background

EU Walen 2024

Nick Clesen

  • Sozialpedagog
  • Chargé de direction youngcaritas
  • President Konschtschoul.lu
  • Verwaltungsrotsmember Kulturfabrik
  • Verwaltungsrotsmember Kamellebuttek
  • Member BEE Secure Advisory Board
  • fréiere Member Jugendparlament
  • fréieren Tresorier déi jonk gréng
  • 37 Joer | Schëffleng

Als Papp vun enger Duechter setzen ech mech besonnesch an, fir eng nohalteg, solidaresch a gerecht Welt fir déi zukünfteg Generatiounen ze garantéieren. Mënsche beienee bréngen, den Dialog fërderen an d’Zesummeliewe stäerken, dat steet am Mëttelpunkt bei menger pedagogescher Aarbecht mat deene Jonken, grad wéi bei mengem kulturellen, sportlechen a sozialen Engagement. Déi zentral Achse vu mengem politeschen Asaz si sozial Themen, Bildung, Kultur, Chancëgläichheet a Biergerbedeelegung.