background background

Walen 2023

Nicolas Hirsch

  • Member vum Gemengerot
  • Politikwëssenschaftler a Konfliktmanager
  • 44 Joer | Beetebuerg

Als grénge Beetebuerger Gemengerot probéieren ech am Alldag méiglechst ”gréng” ze liewen. Meng politesch Prioritéite sinn eng engagéiert, kloer an zilorientéiert Mobilitéits-, an Sozialpolitik. Och am Interessi vun menge Kanner wëll ech d’Transitioun zu nohaltege Liewensweisen acceleréieren an ëmsetzen, beispillsweis duerch sécher an duerchgängeg Vëlosweeër.  Och de gesellschaftlechen Zesummenhalt ass eng vu menge Prioritéiten. Dowéinst wëll ech dozou bäidroen, dass déi sozial Schéier nees ufänkt zouzegoen.