Raphael Gindt

- Kënschtler
- Gemengerot a Schäffen an der Gemeng Leideleng vun 2018-2023
- Grënner vum Escher Kamellebuttek a vu Konschtschoul.lu
- 30 Joer | Leideleng
No 10 Joer Erfarung als Independant a no 6 Joer an der Responsabilitéit ouni Parteikaart an der Gemeng Leideleng, hunn ech mat menger Kandidatur fir d’Chamberwalen eng nei Erausfuerderung ugeholl. Als Jonke wëll ech mech weider fir kreativ an zukunftssécher Iddien asetzen. Nieft der Nohaltegkeet, der Kultur an der Jugend leie mir och de lokalen Handel an d’Landwirtschaft besonnesch um Häerz. An dëse Beräicher hunn ech an de leschte Jore vill geschafft a sinn elo prett fir weider Responsabilitéiten.
