Sam Tanson

- National Spëtzekandidatin
- Ministesch fir Justiz a Kultur
- 46 Joer | Stad Lëtzebuerg
Fräiheet, Gerechtegkeet, an e Sënn fir Gemeinschaft - dat sinn d’Wäerter déi mäi politescht Engagement vun Ufank u geleet hunn. Mir läit et um Häerz, dass eis Gesellschaft sech besonnesch ëm déi këmmert, deenen et manner gutt geet. Dofir hunn ech als Justizministesch Leit mat manner Akommese besseren Accès zur Justiz verschaf, an hu mat menger Aarbecht och e kloert Zeeche géint Haass an Diskriminatioun gesat.
An den nächste Jore sti vill Erausfuerderunge virun eis. Et ginn ëmmer méi Leit, déi sech d’Liewen zu Lëtzebuerg kaum nach kënne leeschten. Dofir ass et fir mech essentiel, dass mir eis Steierpolitik méi gerecht gestalten, an eis weider engagéiere fir e méi fairen a bezuelbare Wunnengsmaart. Och wëll ech mech asetze fir e Lëtzebuerg, wou all Kand déi selwecht Chancen huet, egal ob et hei gebuer ass, an ob seng Eltere lëtzebuergesch schwätzen oder net.
Ech wëll, dass mir den nächste Generatiounen e Land hannerloossen, an deem et sech gutt liewe léist, an ech si prett dofir an den nächste 5 Joer weider Verantwortung ze iwwerhuelen.