Semiray Ahmedova

- Deputéiert
- Member vum Gemengerot
- Architektin
- 42 Joer | Diddeleng
Mäi politeschen Engagement baséiert op de Prinzippie vun der sozialer Gerechtegkeet an der nohalteger Entwécklung, ëmgesat duerch konkret a positiv Schrëtt. Den Zougang zum Logement ass eng grouss Erausfuerderung. Als Architektin wëll ech dëse Kampf am Interessi vun der sozialer Gerechtegkeet weiderféieren. Donieft wëll ech Natur a Mënsch duerch innovativ Landesplanung nach besser an Aklang bréngen. Och de fairen Handel wëll ech weider entwéckele fir e méi bewosste Konsum ze erméiglechen.
