background background

Walen 2023

Stéphanie Empain

  • Spëtzekandidatin
  • Deputéiert
  • Politikwëssenschaftlerin
  • 40 Joer | Wooltz

2018 sinn ech an d’Chamber gewielt ginn. Zënterhier hunn ech mech dervir agesat, Lëtzebuerg méi nohalteg, méi gerecht a méi zukunftsfäeg ze gestalten.

An der Chamber war ech Presidentin vun der Kommissioun vun der Défense an der Sécurité Intérieure a war och Aussepolitesch Spriecherin. Ech hu mech och ëmmer géint all Form vun Hatespeech an Diskriminéierung agesat.

Als gewielte Vertriederin aus dem Norden interesséieren mech d’Sujeten vun der Santé an der Mobilitéit besonnesch an et ass mer wichteg, och an Zukunft hei matgestalten ze kënnen.

Als Präsidentin vun der Liichtethletiksfederatioun sinn och de Sport an d’Veräinsliewen Beräicher déi mir wichteg sinn. Hei gesinn ech besonnesch d’Stärken vum Benevolat als eng vun de wichtegen zukünftegen Erausfuerderungen.

Als Mamm vun 2 klenge Kanner ass et mir e besonnescht Uleies, dass mer als Gesellschaft zesummen dru schaffen eis Ëmwelt och fir déi kommend Generatioun ze erhalen.