Thierry Lagoda
- Buergermeeschter
- Ëmweltberoder
- 40 Joer | Biekerech
Zanter 2014 sinn ech Buergermeeschter vun enger schéiner Landgemeng. Eng Gemeng ass awer keng Insel an dofir läit mer déi regional Zesummenaarbecht besonnesch um Häerz. Säit 2018 sinn ech President vum Syndikat “de Réidener Kanton”, wou mer iwwert d’Grenzen ewech denken an handelen. Wëll nëmmen zesumme kënne mir duerfir suergen, datt mir an och eis Kanner weiderhin an enger gesonder an intakter Ëmwelt liewen. Duerfir brauch et Courage, gutt Iddien an de gemeinsamen Wëllen sech fir d’Ëmwelt a seng Matmënschen anzesetzen.